Événement en

LB

Détails date et heures

01.10.2025 à 18:30

Am Joer 2024 hunn de Christian Bauer a de Jim Clemes d'Leedung vun hire Büroen iwwerginn an domat zwou brillant Carrièren ofgeschloss. Dës zwee grouss Personnagen aus der Lëtzebuerger Architektur kucken an dësem Owend op d'Meilesteng vun hirer jeeweileger Carrière zréck, diskutéieren hir Begéinung mat der Architektur, hiren Ufank als jonk Architekten, an d'Leit an Themen, déi hir Aarbecht wärend hirem Liewe beaflosst hunn.


Dësen Austausch bitt och d'Geleeënheet, d'Roll vum Architekt an der Gesellschaft am Liicht vun engem stänneg evoluéierenden soziokulturellen, wirtschaftlechen a politesche Kontext ze diskutéieren. LUCA wëll zwou aussergewéinlech Architekten Éier erweisen, déi zur Gestaltung vun der Lëtzebuerger Architekturlandschaft bäigedroen hunn.

.


  • Sprooch : Lëtzebuergesch
  • Mat simultaner Iwwersetzung op Englesch
  • Gratis, mat Registréierung
From ECHO.lu