Mardis Littéraires - Lex Roth
Rue Genistre
1623 Luxembourg
Événement en
Détails date et heures
De Lex Roth liest aus sengem neiste Wierk "Schnoken 3“, e weidere Band vun der beléifter Schnoken-Rei. Mat sengem gewinnte Fangerspëtzegefill a sproochlecher Raffiness spillt hien nees gekonnt mat der lëtzebuergescher Sprooch, hirem Klang, an hiren Eegenheeten.
Dem Auteur ass et gelongen, eng nei Sammlung vu klenge, gereimten Texter zesummenzestellen, déi gläichermoossen humorvoll wéi eescht sinn. Mat "Schnoken 3“ schaaft Lex Roth e weideren literareschen Hommage un d'Sprooch an d'Kultur zu Lëtzebuerg.
Reservatioun obligatoresch.
bibliotheque-events@vdl.lu
.www.citybiblio.lu