Événement en

FR

Détails date et heures

19.11.2025 à 18:00
Eng Opklärerin, déi sech de Mond net verbidde gelooss huet
D’Gynekologin Marie-Paule Molitor-Peffer huet sech ugangs dacks gefrot, firwat d’Mënschen zu Lëtzebuerg sou wéineg iwwer Sex a Sexualitéit woussten. Mat der Zäit ass hir opgefall, dass d’Leit gefaart hunn, net iwwer de richtege Vokabulär ze verfügen, fir sech op Lëtzebuergesch auszedrécken. Och huet si eng grouss Schimmt wouergeholl, där hire Grond fir d’Doktesch kloer war. Et war „well e gewësse Konservatismus hei am Land d’Schwätzen iwwer d’Sexualitéit verbitt“.



D’Matbegrënnerin vum Planning Familial huet sech allerdéngs ni de Mond verbidde gelooss. Engersäits fir dass Fakten endlech vereelzte Moralvirstellungen ersetze konnten. Anerersäits wollt si Mënsche Mutt maachen, fir selwer d’Stëmm ze erhiewen.



D’Anne Schaaf huet sech an hirer Masteraarbecht „Wenn das Unsagbare sagbar wird – Sexuelle Aufklärung(en) auf RTL Radio Lëtzebuerg in den 1980er-Jahren“ domadder beschäftegt, wéi si Tabue gebrach huet. Den 19. November stellt d’Historikerin hir wichtegst Conclusioune vir.



Plaz .: Auditorium Henri Beck (2, rue du Genistre)



© Collection privée

From ECHO.lu