Den Annuaire interne
Fir den Austausch tëscht de ville Mataarbechter.innen vun der Stad Lëtzebuerg ze vereinfachen, hutt Dir zu all Moment Accès op en internt Telefonsbuch. Dir kënnt den Online-Annuaire consultéieren, dee permanent aktualiséiert gëtt, oder Dir bestellt d’Print-Versioun, déi ee mol pro Joer publizéiert gëtt.
Ännerungen am Annuaire
Géint Oktober initiéiert de Service Communication et relations publiques (CRP) d’Aktualiséierung vum Annuaire. Dofir lancéiert de Service CRP en Appel un d’Chefs de service an/oder d’Correspondant·e·s en affaires du personnel, fir all Ännerunge vun hirem Service gebündelt weiderzeginn (Mataarbechterwiessel, nei Adressen, nei Telefonsnummeren, nei Departementer, etc.). Bis Enn des Jores kann de Responsabel och d'Unzuel Print Annuairen duerchginn, déi fir de Service solle gedréckt ginn. All Service muss seng Bestellung also intern sammelen a gruppéiert un de Service CRP schécken. No dem festgeluechten Délai gi keng Commande méi akzeptéiert.
Print a Verdeelung
Den Drock gëtt vun der REPRO iwwerholl, d’Verdeelung geschitt duerch d'EKIPP aus dem Service Hygiène.
Den Annuaire gëtt ouni Classeur geliwwert. Wann Ären aktuelle Classeur beschiedegt ass oder nei Mataarbechter.innen an Ärem Service ee brauchen, kënnt Dir se direkt iwwer den Achats bestellen.
Wichteg:
Geheit wgl. Är Classeuren net zesumme mat dem Annuaire ewech.
Annuaire interne 2026