Événement en

LB

Détails date et heures

07.03.2026 de 10:30 à 11:30

D’Jona ass e Päiperlek, wëll, schéin a voller Energie! D’Jona léisst sech vum Wand droen a wa säi Mo ufänkt mat grommelen… Sou fänkt d’Geschicht un an op all Säit erlieft d’Jona eppes Neies.


Mir huelen eis Zäit d’Geschicht vum Kati Bohnet kennen ze léieren a vill flott Übungen auszeprobéieren. Komm mat dengen Elteren, denger Mamm, dengem Papp, denger Giedel, dengem Bopi… mat engem Groussen, mat deems du gär zesumme bass an d’Lëtzebuerg City Bibliothèque!

.


Nieft engem schéine Moie léiers du iwwerdeems wat s du maache kanns wann et dir mol net gutt geet. Dat kënnt ëmmer mol vir. Et ass hëllefräich, wann een dee Moment weess, wéi ee reagéiere kann!


Alter : 4 bis 8 Joer

Reservéierung obligatoresch.

tuffi@vdl.lu / www.citybiblio.lu

From ECHO.lu