Nikki Ninja & Band
rue Münster
L-2160 Luxembourg

Événement en
Prix et réservation
Contact
Détails date et heures
D'Aventure vun Nikki Ninja an Afrobeathoven gi weider, méi spannend wéi jee virdrun! No engem éischten Album, dee Grouss a Kleng begeeschtert huet, kommen Nikki Ninja an hier Band zréck mam engem zweeten Deel, deen sech als "ninja-tastesch" ukënnegt. Wat selwecht bleift? D'frësch Kläng, d'staark Beats an eng eenzegaarteg Energie. Awer dat ass nach net alles: Nikki Ninja wäert sech erëm an onerwaarte Situatioune brégen - tëschent Erausfuerderungen, Iwwerraschungen a magesche Momenter. 2026 geet et also weider mat vill Léift an Tralala - a mir hoffen, dir begleet si op dësem nächsten Deel vun der Aventure. Fir erauszefannen, wat genee d'Nikki Ninja a seng Frënn dës Kéier erwaart, musst Dir selwer derbäi sinn a dës onvergiesslech Live-Concert erliewen.
Organisateur(s) principal(aux): neimënster
Langue: LU
.Âge minimum: 6
Durée: 45