Événement en

LB

Détails date et heures

11.06.2026 de 18:00 à 20:00
Table ronde
Ce texte n’est pas disponible en français.

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heterosexueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu queere Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar.


De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi Sex invitéieren dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft etQueer Perspektiven op d’Menstruatioun. D’Ekipp vu Méi Wéi Sex a Rosa Lëtzebuerg wëllen hir Gäscht mat op eng Rees duerch queer Menstruatiounserfarungen huelen. D’Diskussiounsronn gëtt opgeholl an dann um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi Sex ausgestraalt.


📅 11.06.2026

From ECHO.lu

⏰ 18:00 - 20:00

.

📍 Lëtzebuerg City Museum, 14 Rue du St. Esprit, L-1475 Stad Lëtzebuerg