Événement en

LB

Détails date et heures

25.10.2026 de 10:30 à 11:30
Bicher: Krixkrax & Bill!
Ce texte n’est pas disponible en français.

De bekannten Auteur liest aus sengem Bestseller Krixkrax .(Buchpräis 2025) a sengem neie Buch BILL! vir. A Reimer geschriwwen a mat vill Humor virgedroen, hëlt hien d’ganz Famill mat op eng Rees an zwou witzeg a fantasiereich Geschichten.


Am éischte Buch, Krixkrax, geet et ëm eng märchenhaft Erzielung vun engem Kinnek, deen un enger ganz komescher Krankheet leit an nëmmen nach op d’Hëllef vun der Hex Krixkrax hoffe kann. Mee si wunnt an engem héijen Tuerm, ouni Dier an ouni Leeder, an et schéngt keen eng Iddi ze hunn, wéi een déi gutt Hex erreeche kann.


Am zweete Buch, BILL!From ECHO.lu, geet et ëm en Hond mat ganz villen Talenter … just ee schéngt him ze feelen. Mee mécht dat hien elo manner besonnesch? „Hie ka kachen, strécken, danzen … souguer miauen ewéi eng Kaz. Just eppes kann hien net: billen.“

Zwou Geschichten, déi net nëmmen ënnerhalen, mee och den A op dat Wichtegt am Liewen opmaachen. Eng wonnerbar Geleeënheet, de Marc Weydert a seng Bicher perséinlech kennenzeléieren.


De Marc Weydert ass Diplompedagog a Schoulmeeschter vu Formatioun. Duerch säi Beruff interesséiert hien sech ganz staark fir Kanner- a Jugendliteratur a fir d’Liesfërderung bei Kanner. Besonnesch gär spillt hie mat der Sprooch a verdréint bekannte Märercher a Geschichten, fir eppes Neits draus ze maachen.