Événement en

LB

Détails date et heures

22.07.2026 de 14:30 à 15:30
Hase Hibiskus und der Möhrenklau

D’Simone Reiland ass spezialiséiert op déi empathesch Begleedung vu Kanner a Jugendleche souwéi op Snoezelen fir all Altersgruppen.

From ECHO.lu


Mat vill Erfarung schaaft si besonnesch Momenter, déi Kanner stäerken a fërderen.


Si liest d’Geschicht Hase Hibiskus und der Möhrenklau vum Andreas König vir, e witzegt a spannend Kannerbuch. Wéi op eemol Muerten op mysteriéis Aart a Weis verschwannen, mécht den Hibiskus sech op d'Sich nom Täter.


Op senger Aventure begéint hie senge Frënn a verfollegt Hiweiser, fir e Rätsel ze léisen.


.

Zesumme mam Simone Reiland begleeden d’Kanner den Hibiskus op senger Enquête a fannen eraus, wien d’Muerte geklaut huet!


Alter: ab 3 Joer

Fräi Entrée, keng Reservatioun néideg / Entrée libre, sans réservation

tuffi@vdl.lu / www.citybiblio.lu