Événement en

LB

Détails date et heures

26.07.2025 de 10:30 à 11:30

All Mënsch kennt et a jidderee mécht dat all Dag. Fir déi eng ass et een absolut Tabuthema a fir déi aner déi driwwer schwätze wëlle, kann et entweder e ganz eescht oder ee ganzt witzegt Thema sinn.

From ECHO.lu


Mir spullen et direkt d’Toilette erof, awer wosst dir, dass et eigentlech och ee Wonnermëttel ass? Zum Beispill kann de Kacka vun de Wierm bewierken, dass verschidde Planzen immens grouss a gesond wuessen.


Mir liesen haut zwee Klassiker zu dësem Thema vir, déi net nëmme witzeg sinn, mee de Kanner och eppes mat op de Wee ginn.


.

Léif Elteren, loosst iech einfach vun der Bastelaktivitéit iwwerraschen... 


Alter : 4 bis 6 Joer

Reservéierung obligatoresch.

tuffi@vdl.lu / www.citybiblio.lu