Événement en

LB

Détails date et heures

10.10.2027 de 14:30 à 16:00

Ons historesch Stadlandschaft : wéi kënne mir si erhalen ?

„Lëtzebuerg – Alstad a Festung“ gehéieren zum UNESCO-Weltkulturierwen. Déi historesch Stadlandschaft gëtt duerch hir Topographie, d’Waasser, d’Bëscher an d’Biodiversitéit gepräägt, awer och duerch d’Spueren, déi de Mënsch am Laf vu méi wéi engem Joerdausend hannerlooss huet, an duerch eng räich a bedeitend Geschicht.

Et ass d’Zesummespill vun all dësen Elementer vum natierlechen, kulturellen an immatérielle Patrimoine, dat eis historesch Stadlandschaft ausmécht.

D’Zil 11 vun de Vereenten Natiounen am Kader vun der nohalteger Entwécklung soll dofir suergen, datt Stied a mënschlech Siidlungen inklusiv, sécher, widderstandsfäeg an nohalteg sinn.

Wéi geet Lëtzebuerg mat dësem Zil ëm, besonnesch am Hibléck op de Klimawandel, den Drock op d’Grondstécker, d’Gläichbehandlung an d’Accessibilitéit? Eis Liewensqualitéit hänkt dovun of.

Am Kader vun de Journées européennes du patrimoine.

Date: 10 octobre

Heure : 14h30-16h00

Langue : en luxembourgeois

Départ : Place Guillaume II – Hôtel de Ville

Arrivée : Rousegaart op de Rondellen