Événement en

LB

Détails date et heures

13.09.2026 de 10:00 à 12:00
Mat Wildchild – Holistesch Naturerfarung mam Jessica Desorbay
Ce texte n’est pas disponible en français.

Den Hierscht invitéiert eis, méi lues ze ginn. D’Natur zitt sech lues a lues zeréck a weist sech nach eng Kéier an hire schéinste Faarwen. Genee wéi de Bësch seng Blieder fale léisst, dierfen och mir lassloossen – Stress, Gedanken a Saachen, déi eis net méi déngen.


Zesummen dauche mir mat alle Sënner an de faarwege Bësch an, genéissen dat eenzegaartegt Spill vun de Faarwen, lauschteren op d’Kläng vun der Natur a fänken déi lescht waarm Sonnestrale vum Joer an. Mat rouegen Opmierksamkeetsübungen an inspiréierende Konschtimpulser schafe mir Raum fir Rou, Kreativitéit a Verbannen eis mat der Natur.


Komm mat a schenk Dir eng kleng Auszäit am gëllenen Hierscht!

.


---


D‘Jessica Desorbay ass Naturguide, Achtsamkeitstrainerin souwéi Wëllplanzen- a Wildnispädagogin. Sie verbënnt alt Wësse mat moderner Naturpädagogik, begleet Mënschen a schaaft Räim, fir sech iwwert d’Natur nees selwer méi no ze kommen.


---


GRATIS | Umeldung: info@ewb.lu

Méi Informatiounen fannt Dir hei.


---


Weider Datummer: