Keng Angscht zu Aneschtbuerg!
zesummen mat der Tatta Tom
rue Beck
L-1222 Luxembourg
D’Tatta Tom kënnt op Besuch an de CID | Fraen an Gender – an am Gepäck huet si eng Geschicht iwwer d’Anescht-sinn, iwwert Courage an iwwert eng Welt, an där grad déi kleng Ënnerscheeder alles méi faarweg maachen.
Bei der Liesung vu „Keng Angscht zu Aneschtbuerg“ hëlt d’Tatta Tom Grouss a Kleng mat op eng faarweg Rees voller Witz an Häerz.
Eng Liesung fir Kanner (Alter: 4-10 Joer) – a fir all déi Grouss, déi nach net vergiess hunn, wéi schéin et ass, e bëssen anescht ze sinn.
Reservéierung obligatoresch.
D’Aschreiwung op: info@cid-fg.lu