Event in

LB

Dates and times

23.01.2027 from 10:00 at 11:30
D’Vera Schares ass fir eng Liesung an der EwB
This text is not available in English.

D’Vera Schares ass fir eng Liesung an der EwB


Angscht ass ee Gefill wat mir alleguerte kennen. Ganz egal ob Grouss oder Kleng. Sief et Angscht virun der Donkelheet, engem Monster am Schaf, dem Sprong vun engem ee Meter Briet an der Schwemm oder einfach dem Gefill eleng ze sinn. Och de Bier an dëser Geschicht huet Angscht, mee hien huet gutt Frënn. Sie weisen him wéi si mat hirer Angscht ëmginn. Kann hien um Enn seng Angscht iwwerwannen?


D’Autorin Vera Schares liest hiert eegent illustréiert Buch fir Kanner tëschent 3 a 7 Joer an hiren Eltere vir, an huet dono nach eng Übung parat fir zesumme mat de Kanner Weeër aus der Angscht ze fannen.


Zum Schluss kënnt dir d’Billerbuch vun der Autorin signéiere loossen a kafen.


- - -

Zillgrupp: Eltere mat hire Kanner tëschent 3 a 7 Joer

Info & Umeldung: info@ewb.lu