Event in

LB

Dates and times

18.07.2027 from 14:30 at 16:00
This text is not available in English.

Fort mat de Beem ! Iwwert verschwonnen Aleeën an der Uewerstad

Dem franséischen Ingénieur-paysagiste Edouard André säin Urbanismus-Projet deen 1873 ëmgesat gouf, huet den ëffentleche Raum a Parken, Alleeën, Squaren a Stadbëscher gedeelt.

All déi nei Boulevards ronderëm d’Uewerstad bis hannert de Park woren als Alleeën aménagéiert. All Allee wor mat aneren Zorte Beem beplanzt, déi een och all am Park erëmfonnt huet. Firwat sinn dës Alleeën zanter 1903 no a no aus dem Stadbild verschwonnen ? Bréichte mir an Zäite vu Klimawandel an Hëtzeinselen ons Alleeën erëm ?

Date : 18 juillet

Heure : 14h30-16h00

Langue : en luxembourgeois

Départ : Coin Avenue de la Porte Neuve/Boulevard Royal (Forum Royal)

Arrivée : Place de Bruxelles