Virstellung vum KI-Kompass
Info-Owend
av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG
Event in
Dates and times
De KI-Kompass (ki-kompass.lu) ass déi zentral national Plattform vum Bildungsministère (MENJE) a vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogique et technologique) fir d’Begleedung vum digitale Wandel an de Schoulen. Et ass sou eppes wéi e Weeweiser fir de Bidlungssecteur, fir d’Kënschtlech Intelligenz net just technesch, mee och pedagogesch sécher anzesetzen.
D’Daniela Hau (SCRIPT, division de l’innovation pédagogique et technologique) kënnt an d’EwB, fir d’Funktiounen an d’Iddi vun der neier Plattform KI-Kompass.lu virzestellen. No enger Intro a Presentatioun diskutéiere mir gemeinsam iwwert di praktesch Uwendung vun de KI-Leitlinnen zu Lëtzebuerg: Et ass Plaz fir kritesch Froen a Feedback.
---
.GRATIS | Umeldung: info@ewb.lu
.Méi Informatiounen fannt Dir hei.