Event in

LB

Dates and times

23.04.2026 from 18:00 at 19:30
Eng Table Ronde
This text is not available in English.

Am Tabuthemen-Zyklus vun der EwB beschäftege mer eis am Abrëll mat der Fro: Sexaarbecht zu Lëtzebuerg – wéi eng Problemer ginn et a wéi eng Politik wier denkbar, fir d’Liewenssituatioun vu ville Sexaarbechter*innen ze verbesseren? Dës Table-Ronde, déi zesumme mat forum organiséiert ass, beliicht de Lëtzebuerger Modell a vergläicht e mat Alternativen aus dem Ausland. Dobäi wäert och déi sozial Realitéit vu Sexaarbecht am Fokus stoen: Vill Mënschen aus där Branche kommen aus dem Ausland a wielen dës als Iwwerliewensstrategie, well se soss keng Aarbecht fannen.


Wéi gi mir als Gesellschaft domat ëm, dass Sexaarbecht am räichste Land vun der Welt oft ee Symptom vun extremer Armutsmigratioun ass?

 

Méi Informatiounen kommen nach no… Stay tuned! 👀


---


A Kooperatioun mam forum.


.

---


❗️Den Entrée ass gratis. Ëm eng Umeldung gëtt gebieden.


ℹ️ Méi Informatiounen fannt Dir hei.


---


Projet Sapere Aude 2.0, mit der freundlichen Unterstützung von der Œuvre NationaleFrom ECHO.lu.