Event in

LB

Dates and times

25.03.2026 from 18:00 at 19:30
This text is not available in English.

Mam Vera Dockendorf (Enseignante fir Däitsch a Vertriederin vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL) a mam Antoine Fischbach (Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire)


Moderatioun: Nora Schleich (EwB)

 

De Bildungssystem zu Lëtzebuerg zeechent sech duerch verschidde Schoumodeller aus a Léierweeër aus. Dëst soll Flexibilitéit an individuell Fërderung bidden, mee et werft och eng fundamental Fro op: Féieren déi vill ënnerscheedlech Weeër – vun der fréizäiteger Orientéierung bis hin zu de verschiddenen Sprooch- an Schoulmodeller – zu enger fairer Chancegläichheet?


An dëser Gespréichronn beschäftege mer eis mat der Struktur vum Schoulsystem. Kann d’Komplexitéit vun de Schoulmodeller sozial Écarte schléissen – oder zementéiert se éischter duerch déi vill verschidden Ufuerderungen an déi fréi Selectioun de soziale Status vun de Schüler*inne?


Trennt den aktuelle System duerch seng Vielfalt, oder schaaft en duerch déi Breet Offer ee gemeinsame gesellschaftlechen Nenner?


D’EwB invitéiert Iech alleguer, fir dës zentral Fro ze diskutéieren. D’Vera Dockendorf bréngt als Enseignante a Gewerkschaftsvertriederin d’Perspektiv vun der alldeeglecher Praxis mat. Den Antoine Fischbach liwwert als Expert vum Observatoire National déi wëssenschaftlech Siicht op de systemeschen Effekt vun de verschiddene Bildungsweeër.


---


🛎️ Dëst Event kann als IFEN-Formatioun unerkannt ginn. Méi Informatiounen…


---

From ECHO.lu


Den Entrée as gratis.

Em eng Umeldung gëtt gebieden (info@ewb.lu).


Méi Informatiounen fannt Dir hei.


---


A Kooperation mat: forum, UP_FOUNDATION & dem Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse


---


Weider Events am Kader vum Bildungsmonat März 2026

.