Tuffi-Pro Atelier (6-9)
Av. Jean-Pierre Pescatore
L-2324 Luxembourg

Event in
Dates and times
Net nëmmen ass den Tuffi e Fuuss a soumat eist Maskottche vun der Bibliothéik, mee och en Déier aus der Heemecht, dat eng ganz wichteg Roll an eisem Ökosystem spillt. Et gesäit een net all Dag een, dofir bleift et eppes Besonnesches. Wou lieft de Fuuss iwwerhaapt? Wat ësst hien? Liewe Fiiss eleng oder an der Famill?
Mir lauschteren eis zesummen zwou Geschichten iwwert de Fuuss un a léieren hei méi iwwert dëst schlaut Déier kennen, dat bei eis an de Bëscher wunnt.
.Zum Schluss maache mir eng Origami Bastelaktivitéit, wou mir ee klenge Fiisschen zesumme falen.
Alter : 6 bis 9 Joer
Reservéierung obligatoresch.
.tuffi@vdl.lu / www.citybiblio.lu