Veranstaltung auf

LB

Termine und Uhrzeiten

10.01.2026 bis 17:00

An der ErwuesseBildung bidde mir Kënschtler ee Raum an d'Geleeënheet fir hier Wierker auszestellen, sief et am Beräich Fotographie, Molerei oder an dësem Fall: eng Billerbuch-Ausstellung.


Vum 10. Januar u kann ee wärend 2 Wochen d’Wierk Krixkrax, geschriwwe vum Marc Weydert a mat Zeechnunge vum Patty Thielen (erausgi vum Perspektiv Verlag), an der Stad bewonnere kommen.

.


Mat iwwer 20 Tabloen a Concept-Art, den de Prozess vum Billerbuchzeechnen weist, begleet d’EwB Interesséierter a virun allem Famillen, op eng Rees duerch dëst Lëtzebuerger Kannerbuch, a bitt d’Méiglechkeet d’Originalbiller an d’Geschicht mat aneren An unhand vun ureegende Féierungen, Liesungen a Workshops ze erliewen.

From ECHO.lu

Den Ufank mécht de Vernissage den 10. Januar ab 17.00, wou mir Iech häerzlech alueden, fir mat de Kënschtler duerch d’Ausstellung ze goen.