RECICLEA
rue Munchen-Tesch
2173

Veranstaltung auf
Termine und Uhrzeiten
RECICLEA - Studente Flouhmaart
============================
· Du gees am Hierscht (fir d’éischt oder nees zréck) op d’Uni?
· Du wëlls Deng Studentebud flott ariichten, mä Du bass net mam goldene Läffel am Mond op d’Welt komm an Du muss Dir Deng Studentebourse gutt andeelen?
· Als Guide oder Scout fënns Du, dass mir an eiser Konsumgesellschaft vill zevill ewechgeheien am Plaz de Saachen eng zweet Chance ze ginn?
Am Sënn vun der Nohaltegkeet proposéiere mir dir:
Fuer net direkt bis hannert d‘Grenz, mä komm fir d’éischt bei RECICLEA laanscht.
Dat ass e Pop-up-Second-Hand-Shop, exklusiv fir Studentinnen a Studenten.
· Wou? An der Géisserei, 5 Rue Munchen-Tesch, L-2173 Luxembourg
· Ëffentlechen Transport :. Busarrêt -> Laval’s Park oder Eich-Centre culturel
· Wéini? Freides, den 4. JULI 2025, vun 17.00 bis 21.00 Auer
Samschdes, den 5. & Sonndes, den 6. JULI 2025 vun 13.30 bis 18.00 Auer
· Wat fënnt een do? Glieser, Telleren, Tasen, Kichegeschier, Textilien, Deko, Häerz wat begiers de, a vill aner praktesch Saachen fir an Deng Studentebud
________________________________________________________
De Benefice geet an den Ënnerhalt vun eisem nationalen Formatiounszenter
“Relais de l’amitié” zu Bilsdorf.
.Follow us on facebook : https://www.facebook.com/relaisbilsdorf