Veranstaltung auf

FR

Termine und Uhrzeiten

23.02.2027 bis 15:30
Liese fërdere mat Hënn

Liese fërdere mat Hënn: mellt Äert Kand fir 30 Minutte Virliesen un


Lieshënn ginn ëmmer méi beléift, an dat net ouni Grond: Studien ënnersträichen de positiven Effekt déi Lieshënn op Kanner hunn, sief et op d’Lieskompetenz, d’Selbstvertrauen oder d’Freed um Liesen.


Eis Hënn sinn ausgebilte Lieshënn a «lauschteren» dem Kand beim Virliesen no, ënnerstëtzt gëtt dat Ganzt mat Liesspiller bei deenen den Hond deelhëlt an sou zousätzlech motivéiert.


D’Eltere kennen hir Kanner ab 15:30 fir ee Lieshond-Slot aschreiwen.


Beim Lieshondnomëtteg si keng extern Hënn erlaabt.


- - -

Sproochen: Lëtzebuergesch, Deutsch, Français, Anglais

Zillgrupp: Kanner (7 – 12 Joer) an hir Vertrauenspersoun (Elteren, Grousselteren, ...)

Information & Umeldung: info@ewb.lu


A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.