Veranstaltung auf

LB

Termine und Uhrzeiten

21.07.2026 von 16:00 um 16:45
Kanner Yoga

An dësem Cours entdecken d’Kanner – zesumme mat engem Elterendeel oder enger Begleetpersoun – d’Welt vum Yoga op eng spilleresch a kannerfrëndlech Aart a Weis.


Mat einfache Yoga-Übungen, Beweegung a klenge gemeinsame Momenter ginn d’Freed un der Beweegung an d’Kierpergefill gestäerkt. Spaass a Fantasie stinn dobäi am Mëttelpunkt.


Zum Ofschloss entspane mir eis bei enger roueger Dramrees, fir erëm zur Rou ze kommen an d’Stonn gemittlech auskléngen ze loossen.

.


Alter: 4-6 Joer mat engem Erwuessener

From ECHO.lu

Reservéierung obligatoresch.

D'Aschreiwung ass vum 2. Juni un op / Inscriptions à partir du 02 juin

tuffi@vdl.lu / www.citybiblio.lu