Grujelgeschichten-Workshop
av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

Veranstaltung auf
Termine und Uhrzeiten
Vampire, Monstere Geeschter: Fir Allerhellege schwirren sou munches Grujeleges ronderëm. Iergendwéi mécht sech grujele jo och Spaass. Mee wat brauch ee fir eng richteg gutt Grujelgeschicht ze schreiwen? Hei am Schreifatelier kritt dir Ureegungen a Schreiftipps a mir weise mir iech, wéi een d’Iddie wéi d’Vampiren aus de Fangere saugt. Zum Schluss huet jiddereen seng perséinlech Grujelgeschicht.
D’Elteren si wëllkomme beim Workshop dobäi ze sinn. Et besteet och d’Méiglechkeet sech wärend dem Workshop mat Kaffi a Kuch mat aneren Elteren auszetauschen.
Zum Schluss ginn d’Geschichte virgelies. Do sinn all d’Elteren natierlech invitéiert.
- - -
Trainer*in: Leslie Fischbach
.Zillgrupp: Kanner ab 8 Joer
Informatioun/Umeldung: .info@ewb.lu
A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.