D’Prinzessin op der Ierbes
Place des Rotondes
L-2448 Luxembourg
Veranstaltung auf
Preis und Buchung
Termine und Uhrzeiten
Dieser Text existiert nicht auf Deutsch.
Et war eemol e Prënz, deen onbedéngt eng Prinzessin wollt bestueden. Et huet awer eng richteg misse sinn. De Prënz ass duerch d’ganz Welt gereest, fir eng ze fannen. Mee ëmmer war eppes verkéiert …
D’Kënschtler:innen vum Traffik Theater erziele mat Zeechnungen, Objeten a Live-Musek eent vun de bekanntste Märercher vum Hans Christian Andersen, a froen sech awer och, ob wierklech nëmmen eng richteg Prinzessin et fäerdeg bréngt, duerch 20 Plommepillemen a Matrassen eng kleng Ierbes ze spieren.
Wat wier, wann e Prënz den Ierbessentest misst maachen? Oder Jenny a Menni? A firwat muss engem Prënz seng Fra sou sensibel sinn? Wat wier, wann se just zëmperlech a kriddeleg wier? Wat géif geschéien, wann se nom Ierbessentest keng Loscht hätt, de Prënz ze bestueden?
- Genre: Theater a Musek
- Alter: Ab 5 Jahren
- Dauer: 45’
- Ort: Black Box
- Sprache: Auf Luxemburgisch (gute Sprachkenntnisse erforderlich)
- Preis: 8€ (≤26 Jahre) / 14€ (>26 Jahre)
Kulturpass: 1,50€ (kontaktieren Sie uns) - Links: