Veranstaltung auf

LB

Preis und Buchung

15 €
12 €

Termine und Uhrzeiten

23.11.2025 von 17:00 um 20:00

Lëschtegt Theaterstéck an 3 Akten

vum Bernd Spehling, iwwersat vum Joseph Weimerskirch


De Lucien kann net méi a wëll sengem schappege Liewen iwwert eng mysteriéis Internet-Agence e schnellt an onkomplizéiert Enn setzen. Mee de beoptraagte „Profi“ verschwënnt grad sou séier wéi seng Fra a seng Erspuernisser.

Vun elo un, kéint all Minutt säin Enn sinn – awer grad elo leeft beim Noper vis-à-vis, dem Claude, seng 30 Joer Gebuertsdaagsparty mat Karaoke, Carpendale-Double a Striptease!


.

D’Iwwerraschungsgäscht lande beim Lucien an der Stuff fir sech op hir grouss Show kënnen ze preparéieren. Dobäi kënnt och nach d‘Police an en Telefonsoperateur an d’Spill.

De Lucien fillt sech an deem Moment ewéi wann hien d’Pescht hätt a gläichzäiteg vun engem Camion iwwerrannt géif ginn. Mee op eemol kéint hien awer nach säi Gléck fannen.

Op hien zu sengem Gléck kënnt oder awer de Killer mei séier ass?

From ECHO.lu

Kommt a fannt et eraus a genéisst e makaabert, humorvolltTheaterstéck mat schrillem Partyflair direkt aus der Noperschaft!