Tabu Thema: Toxesch Genderrepresentatiounen Online
av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG

Veranstaltung auf
Termine und Uhrzeiten
Stereotypesch Representatioune vu Mann a Fra ginn et scho laang. Mee wärend hartnäckeg dru geschafft gëtt, mat Klischeeën opzeraumen a Gläichberechtegung liefbar ze maachen, fënnt online e ganz anere Kampf statt.
Net réischt mat der Netflix Serie „Adolescence“ ass kloer ginn, dass d’Prägung vun de Biller, déi eis an der Onlinewelt begéinen, ee massiven Afloss op eis all huet. Op dramatesch Weis huet d’Serie d’Gefore vun deenen Dynamiken illustréiert. Mee och an der Realitéit fanne User Uschloss bei Internet-Communities, déi mënschefeindlech an toxesch Ideologie verbreeden. An der digitaler Sphär ass et einfach, d’Grenze vun der Fiktioun an der Realitéit, oder vun Illusioun, Sehnsucht a Wierklechkeet ze verwëschen.
Dës Table Ronde beschäftegt sech mam verbreete Problem, deen Narrativer, déi online propagéiert ginn, mat sech bréngen. Besonnesch interesséieren eis Geschlechterideologien, déi meeschtens dorop ofzilen, eng Spaltung an der Gesellschaft an eng Hierarchie tëscht de Geschlechter erbäi ze féieren. Vläicht brénge si eis, wa mer net kritesch genuch mat der digitaler Welt ëmginn, an eng fräiwëlleg Ënnerwerfung – oft mat radikale Follge fir de Betraffene selwer, säin Ëmfeld an déi ganz Gesellschaft.
Wéi kann et esou wäit kommen? Wéisou ass d’Onlinewelt exponenziell mat deem Problem konfrontéiert? Et geet ëm Analys, kritescht Denken, praktesch Hëllef a Präventioun.
---
Um Gespréich huelen deel
: d’Esin Göksoy vum CID | Fraen an Gender, den Alex Carneiro vun infoMann, d’Karin Weyer vu respect.lu an d’Charlotte Pull vum Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht. Moderatioun: Nora Schleich (EwB).---
D'Participatioun ass gratis. Ëm eng Umeldung gëtt gebieden (info@ewb.lu).
Méi Informatiounen fannt Dir hei.
---
A Kooperatioun mat Info Mann, Zentrum fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV), CID Fraen an Gender a respect.lu.
---
Projet Sapere Aude 2.0 – mat frëndlecher Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale.