Veranstaltung auf

LB

Termine und Uhrzeiten

14.10.2025 von 18:30 um 20:45

Nodeems den éischte Band vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 – dem Laut- a Formenatlas vum Alain Atten a Claude Schmit – am Joer 2023 d’Linguistikwelt begeeschtert huet, ass elo de Wuertatlas un der Rei: eng impressionnant Sammlung vu ronn 250 Dialektkaarten, déi d’Wierderwelt vun de 1960er- an 1970er-Joren zu Lëtzebuerg erfaassen. Vill Ausdréck ginn nach haut benotzt, anerer si rar Pärelen, déi di lokal Kultur spigelen. Wou nennt een e Päiperlek „Millermoler“, „Pimpampel“ oder nach ganz anescht? Wat huet „virzoppen“ fréier bedeit, a wéi gouf e „Kopplabunz“ genannt – jee nodeem a wéi enger Géigend ee gewunnt huet? Dësen Owend léiert Dir de Wuertatlas besser kennen. Dir kritt net nëmmen déi neiste Sproochkaarten ze gesinn, mee Dir entdeckt och déi räich Vilfalt vu Lëtzebuerger Dialekter am Areler Land. Doriwwer eraus kritt Dir en Abléck an déi akribesch Fuerschungsaarbecht, déi hannert dësem ambitiéise Projet steet. Dësen Owend ass organiséiert an Zesummenaarbecht mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) a gëtt moderéiert vum Christiane Kremer.


From ECHO.lu

Reservéierung obligatoresch

bibliotheque-events@vdl.lu

www.citybiblio.lu

.