Veranstaltung auf

LB

Preis und Buchung

10 € normal
5 € ermäßigt
1.5 € Kulturpass

Termine und Uhrzeiten

02.07.2025 von 19:00 um 20:30

Buch Presentatioun an Diskussioun

From ECHO.lu

D'Buerg um Bockfiels


Mam Marc Angel, Kodji a Pit Péporté

Moderatioun: Gérard Floener


Mëtt vum 10. Joerhonnert, an Uewerloutrengen. Ee jonken Eedelmann, Sigfrid genannt, begéint op der Juegd engem jonke Meedchen, dat amgaangen ass, sech an de Welle vun der Uelzecht ze bueden. Et ass den Ufank vun enger grousser Léift. De Grof ass gewinnt, dass seng Wënsch an Erfëllung ginn, mee dat jonkt Meedche mécht him et net esou liicht, wéi hie sech dat erwaart hat. Fir kënne bei him ze sinn, baut de Sigfrid säin neit Doheem do, wou si sech fi r d‘éischt begéint sinn.


De Marc Angel ass Illustrateur a BDs-Auteur. Seng Zesummenaarbecht mam Samuel Hamen, „Zeeechen“, gouf mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Den leschten Album „La Mauvaise heure“ (Szenario J-L Schlesser) gouf vun der franséischer

a belscher Press eenhelleg gelueft.


.

De Kodji ass 2D-Animateur, Artist, Moler an Illustrateur.


De Pit Péporté ass Historiker a Gérant vun Historical Consulting (h-c.lu). Hien huet zu Edinburgh studéiert an huet duerno als Fuerscher geschafft. Hien enseignéiert niewelaanscht op der Universitéit Lëtzebuerg.


Op Lëtzebuergesch

Entrée: 10 € | 5 € (<26 ans) | 1,50 € (Kulturpass)


Organisatioun: d’Frënn vun der 9. Konscht, Institut Pierre Werner, Verlag Op der Lay

Ënnerstëtzung: neimënster


Mehr Infos : www.ipw.lu